Emma MoranoLescht Iwwerliewend aus dem 19. Jorhonnert gestuerwen

E Samschden ass d'Emma Morano, déi lescht bekannt Iwwerliewend aus dem 19. Jorhonnert, am Alter vun 117 Joer an 137 Deeg gestuerwen.

D'Emma Morano, déi den 29. November 1899 op d'Welt komm ass, war déi lescht lieweg Persoun, déi nach virun 1900 gebuer gouf.

"Si hat en aussergewéinlecht Liewen a mir wäerten eis ëmmer un hire Kampfgeescht erënneren", sou d'Silvia Marchionini, d'Buergermeeschtesch vu Verbania, dem italieneschen Duerf an deem d'Emma Morano gewunnt huet.

Dem Gerontology Research Group (GRG) ass déi eelst Persoun vun elo un d'Jamaikanerin Violet Brown, déi den 10. Mäerz 1900 op d'Welt komm ass.