Klingonesch op der LuxCon"tlhIngan Hol Dajatlh’a’?": "Schwätz du Klingonesch?"

Den Lieven Litaer war am Interview mat Live! Planet People. Hei huet den "KlingonTeacher" iwwert säin aussergewéinlechen Hobby geschwat.

© RTL
All Lëtzebuerger, dee scho mol op der Algarve oder sos enger beléifter Vakanzendestinatioun war, kennt d'Gefill enger Geheimsprooch Meeschter ze sinn. Am Verglach zum Klingoneschen, ass Lëtzebuergesch allerdéngs eng Weltsprooch. Nëmmen 20-30 Leit weltwäit kënnen d'Sprooch fléissend, an ee vun hinnen ass den nächste Weekend (22.-23. Abrëll um Forum Geesseknäppchen) op der LuxCon 2017.

De Saarbrécker Lieven Litaer ass weltwäit eng leedend Klingonesch-Coryphée a wäert de Weekend fir déi drëtt Kéier op der LuxCon derbäi sinn. Hien ënnerriicht d'Sprooch, déi an den 80er Joere vun engem Linguist speziell fir d'Star-Trek-Filmer entwéckelt ginn ass a säit dem e gewësse Kultstatus erreecht huet, mat sengen eegene Publikatiounen, wéi zum Beispill dem offiziellen Klingonesch-Wierderbuch, a mat online Coursen op sengem Youtube-Channel "KlingonTeacher", huet hien am Link Live! Planet People verooden.

Link: Live! Planet People

RTL.lu: Fantasy, Science Fiction, Horror: 3. Editioun vun der LuxCon

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.