Op TwitterFoto vum Football-Star Fellaini suergt fir Tréine vu Laachen

Eng Foto, déi am ongënschtegsten - oder absolut beschte - Moment vum ManU-Star Marouane Fellaini geknipst gouf, suergt grad fir den Hype am Internet.

De Fotograf, deen dëst eemolegt Bild festgehalen huet, weist de belsche Sportler mat engem sou deforméierte Gesiicht, et kéint ee mengen, et wier retouchéiert. Ma nee, d'Foto ass original an onverschafft, kuerz nodeems hie vum Ball um Kapp getraff gi war.

An och wann Manchester United de Supercup 1:2 géint Real Madrid verluer huet, ass et den 29 Joer ale Fallaini, deen elo fir Gespréich suergt. Natierlech reagéiert de concernéierte Football-Star: och hie muss sech futti laachen.




Op Twitter reagéieren awer och dem Fallaini seng Fans...