Brutal First LadyD'Grace Mugabe huet e Model bluddeg geschloen

Schwéier Virwërf ginn et géint d'Grace Mugabe, Presidentefra vu Simbabwe. a Südafrika soll si e Model mat engem Kabel bluddeg geschloen hunn.

© AFP
D'First Lady vum Simbabwe soll an engem Hotel am südafrikanesche Johannesburg e Model gescjloen hunn, bis et geblutt huet. An dat ouni Virwarnung. D'Grace Mugabe hätt déi 20 Joer jonk Südafrikanerin onverhofft an der Hotelsuite vun hiren 2 Bouwen begéint a wier doropshin ausgeflippt.

D'Affer huet d'Presidentefra duerno beschëllegt, si hannen um Kapp a vir op der Stir blesséiert ze hunn an huet eng Plainte bei de Police gemaach. Op de soziale Netzwierker huet d'Debbie Engels och eng Foto gepost, déi eng grouss, bluddeg Platzwonn op hirer Stir weist.

D'Mugabe soll der Fra virgeworf hunn, mat hire Bouwen, déi zu Johannesburg liewen, op den Tour gaang ze sinn a mat hinne gefeiert hunn. Dat huet der Presidentin vu Simbabwe wuel guer net gepasst.