"Forbes"D'Actrice Emma Stone verdéngt weltwäit am meeschten

Den US-Magazin "Forbes" publizéiert all Joer eng Lëscht mat deenen Acteuren, déi am beschte verdéngen. D'Emma Stone kënnt dëst Joer op Plaz 1.

© AFP

Déi 28 Joer al Oscar-Gewënnerin huet hir Kollegin Jennifer Lawrence vun der éischter Plaz ofgeléist, vun deene Schauspillerinnen, déi am meeschte Sue verdéngen. An de leschten 12 Méint huet d'Emma Stone ganzer  26 Milliounen Dollar, ëmgerechent 22 Milliounen Euro, verdéngt.

Op Plaz 2 fënnt een d'Jennifer Aniston mat 25.5 Milliounen Dollar Verdéngscht an d'Jennifer lawrence kënnt just nach op déi 3. Positioun mat 24 Milliounen Dollar.

D'Forbes-Lëscht bezitt sech op den Zäitraum vu Juni 2016 bis Juni 2017.

D'Emma Stone war an de leschte Méint immens erfollegräich. Fir hir Roll am Musical-Film "La La Land" krut d'Actrice en Oscar. Zanter hirem éischten Optrëtt virun der Kamera am Joer 2007 mam Film "Superbad" huet d'Emma Stone an 20 Filmer matgewierkt.

Déi nächst Woch wëll "Forbes" d'Lescht mat den Acteuren verëffentlechen, déi am meeschte verdéngen. Wéi bal iwwerall, sinn et och an deem Domän d'Männer, déi e gutt Stéck méi Verdéngscht hunn wéi Fraen. D'lescht Joer war et den Dwayne "The Rock" Johnson, dee mat 64,5 Milliounen Dollar, Bescht-Verdénger war.