PeopleD'Selena Gomez huet eng Nier vu beschter Frëndin kritt

D'Sängerin, déi u Lupus erkrankt ass, huet d'Nouvelle um Dënschdeg iwwer Instagram bekannt ginn.

Dem Selena Gomez seng Fans maache sech scho méi laang Suergen iwwert der Sängerin hire Gesondheetszoustand. Lupus gouf bei hir 2015 diagnostizéiert. D'lescht Joer hat d'Sängerin sech esouguer eng Zäitchen zeréckgezunn, fir d'Depressiounen an d'Angschtgefiller, déi d'Krankheet mat sech bruecht huet, ze bekämpfen.

Dank hirer beschter Frëndin huet d'Selena Gomez elo eng gesond Nier. Op Instagram huet dem Justin Bieber seng Ex eng Foto gepost, wou een d'Selena Gomez an hir bescht Frëndin nieftenee a Spidolsbetter leie gesäit. D'Sängerin seet dem Francia Raisa an der ganzer medezinescher Equipe Merci.

"Et huet mir den ultimative Kaddo gemaach a sech geaffert", huet Selena Gomez geschriwwen, "Ech hu ganz vill Chance. Ech hunn dech esou gäre Schwësterchen."  
 
Selena Gomez op Instagram

I’m very aware some of my fans had noticed I was laying low for part of the summer and questioning why I wasn’t promoting my new music, which I was extremely proud of. So I found out I needed to get a kidney transplant due to my Lupus and was recovering. It was what I needed to do for my overall health. I honestly look forward to sharing with you, soon my journey through these past several months as I have always wanted to do with you. Until then I want to publicly thank my family and incredible team of doctors for everything they have done for me prior to and post-surgery. And finally, there aren’t words to describe how I can possibly thank my beautiful friend Francia Raisa. She gave me the ultimate gift and sacrifice by donating her kidney to me. I am incredibly blessed. I love you so much sis. Lupus continues to be very misunderstood but progress is being made. For more information regarding Lupus please go to the Lupus Research Alliance website: www.lupusresearch.org/ -by grace through faith

Une publication partagée par Selena Gomez (@selenagomez) le



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.