Am Alter vun 117 JoerBis elo eelste Fra vun der Welt ass gestuerwen

D'Jamaikanerin Violet Brown war zanter Abrëll déi eelste Fra vun der Welt an ass e Freideg an engem Spidol op Jamaika gestuerwen.

© AFP (Archiv)

Déi bis elo eelste Fra op der Welt ass dout. D'Violet Brown aus Jamaika ass e Freideg am Alter vun 117 Joer an engem Spidol zu Montego Bay gestuerwen. Dat melle lokal Medien. Wéi et heescht gouf d'Madamm viru kuerzem wéinst Häerzrythmusstéierungen an Dehydratioun an d'Spidol transportéiert.

Zanter d'Italienerin Emma Morano am Abrëll dëst Joer gestuerwe war, war d'Violet Brown déi eelste Fra op der Welt. Och déi gebierteg Italienerin, déi den 29. November 1899 op d'Welt komm war, ass am Alter vun 117 Joer gestuerwen.