Ze stressegFranséische Kach Sébastien Bras wëll Michelin-Stären ofginn

De Star-Kach Sébastien Bras, wëll seng 3 Michelin-Stären nees zeréckginn. Dës héchst Auszeechnung bedeit ze vill Drock, heescht et als Erklärung.

© AFP

De Spëtze-Kach huet de Michelin gefrot an der nächster Editioun net méi virzekommen. "Et gëtt een 2 bis 3 Mol d'Joer kontrolléiert", sou de Chefkach vum Gourmetrestaurant "Le Suquet" zu Languiole a Frankräich, "an et wéisst een emol net wéini". An anere Wieder all Teller kéint kontrolléiert ginn an dat heescht, dass all Dag ee vun de 500 Teller bewäert ka ginn, deen aus der Kiche kënnt.

De franséische Kach wëll sengem Liewen a senger Aarbecht en neie Sënn ginn. Hie wéilt zwar weider eng Spëtzekichen ubidden, awer méi fräi sinn. De Risk u Bekanntheet ze verléieren, géif hien a Kaf huelen.

Säi Papp hat den drëtte Stär fir de "Le Suquet" 1990 kritt. De Sébastien Bras huet och un de Suicide vum Dräi-Stäre-Kach Bernard Loiseau erënnert, am Joer 2003. D'Dot war deemools op den enorm héijen Drock bei de Bewäertungen vu sou renomméierte Restauranten zeréckgefouert ginn.