Puert RicoD'Jennifer Lopez spent 1 Millioun Dollar un d'Hurrikan-Affer

D'US-Sängerin Jennifer Lopez spent eng Millioun Dollar, knapp 840.000 Euro, fir den Affer vum Hurrikan Maria zu Puerto Rico ze hëllefen.

© AFP

Et wier dee schlëmmsten Hurrikan zanter 20 Joer gewiescht, dee Puerto Rico getraff hätt an d'Schied wiere katastrofal, sou d'Actrice a Sängerin e Sonndeg op enger Pressekonferenz zesumme mam Gouverneur vun New York, Andrew Cuomo.

D'Jennifer Lopez bedeelegt sech un der Initiative vun New York, mat där d'US-Aussegebitt ënnerstëtzt gëtt. Den Andrew Cuomo war virun 2 Deeg op Puerto Rico op Visite an hat Liewensmëttel verdeelt. Méi uerg ass awer d'Situatioun, dass et wuel nach Méint dauere kéint, bis nees Stroum do ass.

D'Jennifer Lopez gouf als Kand vu puertorikaneschen Elterern zu New York gebuer. Ëmmerhin sinn och iwwer 700.000 Awunner vun New York Puerto Ricaner.

Den Hurrikan Maria war d'lescht Woch mat enger Wandstäerkt vu bis zu 2650 Stonnekilometer iwwert d'Karibik geblosen. Op d'mannst 33 Mënschen sinn zu Puerto Rico an Dominica ëmkomm.