No 9 Joer PrisongDen O.J. Simpson ass nees op fräiem Fouss

Den haut 70 Joer ale fréieren US-Footballstar O.J. Simpson ass no 9 Joer Prisong nees op fräiem Fouss.

© AFP

Hie souz zanter 2008 am Nevada am Prisong, wéinst engem Iwwerfall op zwéi Souvenirs-Händler an engem Casino. Eigentlech war de Simpson zu 33 Joer veruerteelt ginn.

Weltbekannt gouf den O.J. Simpson wéinst dem spektakuläre Prozess ronderëm de Mord u senger Fra. De Simpson gouf um Enn fräigesprach, well et net genuch Beweiser gouf.