Boris BeckerNach méi Scholden, Wimbledon-Couppe gi versteet

De Boris Becker soll méi héich verschëlt sinn, wéi bis ewell ugeholl gouf. Elo sollen och seng Couppen, déi hien zu Wimbledon gewonnen huet, versteet ginn.

© AFP Archivbild

Dat mellen däitsch Medien. Wéi et heescht, géifen d'Enquêteure vu Scholden an Héicht vun iwwer 61 Milliounen Euro ausgoen. Dat geet aus engem Rapport vum britesche Liquidateur ervir.

Besonnesch batter fir de Boris Becker ass, dass wahrscheinlech och seng Coupe, déi hie fir seng historesch Victoire de 7. Juli 1985 zu Wimbledon krut, soll versteet ginn. Donieft sollen och 4 Luxus-Aueren fir ëmgerechent bal 42.000 Euro verkaf ginn.