7 Millioune Liter verbrauchtPsychesch kranke Mann huet d'Waasser 1 Joer lafe gelooss

Am niedersächsesche Salzgitter huet e Mann säi Krunn am Buedzëmmer opgedréint an ee Joer laang onënnerbrach lafe gelooss. D'Police huet intervenéiert.

© AFP

Éischten Informatiounen no, huet den 31 Joer ale psychesch kranke Mann ronn 7 Millioune Liter Waasser verbraucht. Eraus koum dat Ganzt, well de lokale Waasserliwwerant an de Syndikat vum Haus d'Police ëm Hëllef geruff hat, well et op Plaze zu Schied wéinst Nätzt koum.

De Mann, deen der Police bekannt ass, huet seng Hausdier awer net fräiwëlleg opgemaach, a well d'Police en haart Rausche héieren huet an der Saach definitiv endlech en Enn setze wollt, gouf d'Wunneng opgebrach.

De Mann huet sech massiv zur Wier gesat. Mat vill Méi an dem Asaz vu Reizgas, konnt hien zum Schluss iwwerwältegt ginn. 3 Beamten goufen dobäi verwonnt.

De Mann koum op Uerder vun engem Dokter an e psychiatrescht Spidol.

Hien hat d'Waasser vun der Bidden an der Toilette ee Joer laang lafe gelooss. Donieft hat hien och den Offloss manipuléiert.