Wéinst VergewaltegungNew Yorker Police preparéiert Mandat d'Arrêt géint Weinstein

D'Police vun New York ass amgaang e Mandat d'Arrêt wéinst Vergewaltegung géint den Harvey Weinstein ze preparéieren. Et geet ëm ee konkrete Fall vun 2010.

© afp

D'Schauspillerin Paz de la Huerta reprochéiert dem Hollywood-Produzent si zwee Mol dat Joer vergewaltegt ze hunn. An de leschte Wochen hate sech méi wéi honnert Fraen an der Ëffentlechkeet zu Wuert gemellt, déi vum Harvey Weinstein op déi eng oder aner Manéier belästegt gi solle sinn. D'Reprochen gi vu sexueller Opdrénglechkeet bis hin zu Vergewaltegung.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.