Boris BeckerScholden als "Méiglechkeet fir en neien Depart"

De Boris Becker gesäit seng ablécklech Situatioun als Méiglechkeet fir en neien Depart. Dat seet hien an engem Interview mat der "Neuen Zürcher Zeitung".

Hie confirméiert, datt en héich Scholden huet. Zum Beispill bei enger englescher Privatbank, déi gären 3,5 Milliounen Euro plus Zënse vun him hätt an iwwert d'Héicht vun deenen Zënse wier ee sech an dësem Fall net eens.

Hien wier allerdéngs net faillite.

Seng Firmaen a Groussbritannien an an der Schwäiz wieren nämlech net direkt betraff.

Hie kuckt positiv an d'Zukunft a seet, hien hätt vill nei Publicitéitskontrakter op sengem Pult leien, well d'Entreprise géife mierken, datt den Numm Becker waarm ass.

Hie kéint eben net all Joers Wimbledon gewannen oder sech bestueden, mä säi Geschäft wier seng Mark an déi géif grad brennen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.