Policekontroll zu DarmstadtAlkoholiséierte Mann weist Beamte seng Schlaang an der Box

Bei enger Policekontroll huet en 19 Joer jonke Mann am hesseschen Darmstadt d'Policebeamte mat senger Schlaang an der Box iwwerrascht.

© AFP

Den alkoholiséierte Mann hat en Dënschdeg den Owend Sträit mat engem aneren Här an e puer Awunner hunn doropshin d'Police geruff. De Sträit konnt geschlicht ginn, ma wéi de jonke Mann no sengen Donnéeë gefrot gouf, ass hien ëmmer méi aggressiv ginn.

Hie gouf festgeholl an duerchsicht. De Beamten ass eng grouss Bëls a senger Box opgefall. De Mann huet hinnen, op déi Bëls ugeschwat, gezielt eng Schlaang an der Box ze hunn. Hien huet dat 35 Zentimeter laangt Déier, an dësem Fall eng Baby-Kinnekspython, zum Beweis erausgezunn.

De Mann duerft d'Nuecht zur Ausniichterung am Arrest verbréngen, awer ouni Schlaang, déi koum an eng Transportkëscht.