Michelin Bib Gourmand Benelux 201814 Lëtzebuerger Restauranten op der neier Lëscht

De "Bib Gourmand" steet fir eng gastronomesch Kichen zu abordabele Präisser. 37 Euro däerfen Entrée, Plat an Dessert zesumme kaschten.

Michelin huet fir d'Benelux-Länner den neie Guide "Bib Gourmand" virgestallt.

Selektionéiert goufen de Bistrot 1865 vu Klierf, de Parc Le'h zu Diddeleng, den Dahm vun Ierpeldeng, de Brimer vum Grondhaff, d'Bergamote, de Restaurant Bick Stuff, de Kamakura a Mamma Bianca an der Stad. Soss op der Lëscht ze fanne sinn de Joel Schaeffer vu Mäertert, de Bonifas vun Nouspelt, den Two6Two vu Stroossen, de Restaurant Timandines vun Ëlwen an d'Ecuelle vu Wilwerdang.

Nei mat derbäi de K restaurant zu Huldang.

Net méi op der Lëscht ass de Vieux Château zu Wolz, deen an där Form net méi existéiert.

PDF: Bib Gourmand 2018 - D'Selektioun fir de Benelux.

D'Presentatioun vum komplette Michelin-Guide mat allen Auszeechnungen a Stären ass den 20. November zu Gent.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.