VIDEO: Do war den Hutt gefallAstros-Fans schéissen den Hutt nees erop

Bei der Parade, wou d'Houston Astros d'World-Series am Baseball gefeiert hunn, war enger Fra e klenge Malheur geschitt.

Der Madame hiren Hutt war hir erofgefall, a si stoung wäit uewe vum Gebai. D'Leit, déi all a Partystëmmung waren, hunn hir awer gehollef. Ënner vill Gejäiz a Bäifall hu Leit, déi d'Stäck ënnert hir stounge, probéiert, fir den Hutt nees bei de Besëtzer ze bréngen. An trotzt klenge Réckschléi ass et hinne gelongen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.