Pech fir PaparazzoSängerin Sia verëffentlecht heemlech Akt-Foto selwer

E Fotograf, deen heemlech Akt-Fotoe vum Sia gemaach huet a se verkafe wollt, huet wuel net mat der Reaktioun vun der Sängerin gerechent.

© AFP
Dat nennt ee souverän geléist. Déi australesch Sängerin huet engem Fotograf, dee mat heemlech geknipsten Akt-Fotoe Sue verdénge wollt, eng ausgewëscht. D'Sia huet déi culottéiert Aktioun spatz kritt an decidéiert, d'Fotoen einfach emol selwer ze posten.




Op Twitter huet si deemno déi prekär Foto vu sech verëffentlecht, mat der Ufro vum Fotograf un e Fan, dee Sue fir d'Bild wollt kréien:"Wann s du d'Foto keefs, ass se net méi verschwommen an du kriss nach aner Biller".

Ganz cool huet d'Sia ënnert hire Post geschriwwen:"Iergendee probéiert grad Akt-Fotoe vu mir u meng Fans ze verkafen. Spuert Iech dach déi Suen, hei kritt der et gratis. All Dag ass Chrëschtdag."

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.