People-MagazinUS-Countrysänger Blake Shelton ass "Sexiest Man Alive" 2017

Fir de People-Magazin ass den 41 Joer ale Countrysänger a Frënd vum Gwen Stefani aktuell den eroteschste Mann op der Welt.

© AFP

"Do hu der effektiv Recht, ech sinn de Mr. Sexy!", sou dem Blake Shelton seng éischt Reaktioun. Hie wier säi Liewe laang elle gewiescht, wann hien elo ee Joer laang sexy dierf sinn, géif hien deen Titel gären unhuelen.

Den US-Countrysänger huet eng Virléift fir Iessen an huet och eng mockeleg Vergaangenheet. Den 41 Joer Sänger gouf vu senger Frëndin, der Sängerin Gwen Stefani, dozou ermontert, d'Wiel vum People-Magazin unzehuelen.

De Blake Shelton ass de Moment Jury-Member an der Fernseh-Emissioun "The Voice". Den Titel als "Sexiest Man Alive" deelt hie sech iwwregens elo mat engem anere Jury-Member, dem Adam Levine vu Maroon 5.

Déi Sexiest Männer vun elo bis 1985



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.