FluchangschtD'Grande-Duchesse flitt net mat a Japan

Wéi et e Freideg vum Haff heescht, kann d'Grande-Duchesse un der geplangter Auslandsvisite a Japan net deelhuelen wéinst hirer Fluchangscht.

© monarchie.lu

Iwwernächst Woch ass déi lescht offiziell Staatsvisite vun der Groussherzoglecher Koppel fir dëst Joer, déi a Japan ass. Net bei deem Deplacement dobäi, ass awer d'Grande-Duchesse. Wéi et e Freideg vum Haff heescht, kéint d'Fra vum Grand-Duc Henri de Vol net matmaachen, wëll Si Fluchangscht hätt.

Wéi weider kommunizéiert gëtt, hätt d'Grande-Duchesse Maria Teresa schonn eng ganz Rëtsch Efforte gemaach, fir géint dës Phobie virum Fléien unzekommen, ma bis ewell ouni Succès, sou datt Si dee laange Vol bis op Tokyo net kéint matmaachen.

Et ass elo d'Prinzessin Alexandra, déi de Grand-Duc mat a Japan op der Staatsvisite begleet.

PDF: Schreiwes vum Haff

De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa ware jo vum japanesche Kaiser Akihito a vu senger Fra Michiko invitéiert ginn.

Als Datumer goufen de 27., 28. an 29. November festgehalen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.