Motto "Beauty and the Beast"D'Serena Williams ass ënnert der Hauf

Déi 36 Joer al Serena Williams huet zu New Orleans hire Frënd Alexis Ohanian bestuet, dat Ganzt ënnert dem Motto "Beauty and the Beast".

© AFP

Déi ganz Hochzäit gouf streng geheim gehalen, et gouf souguer e ganze Quartier ëm de Contemporary Arts Center ofgespaart.

D'Koppel hat am Virfeld keng Detailer iwwer d'Feier no der Zeremonie bekannt ginn, just d'Motto war gewosst. D'Hochzäitsfest stoung ënnert dem Motto vum Disney-Klassiker "Beauty and the Beast". Invitéiert waren ënner anerem d'Pop-Diva Beyoncé, d'Anna Wintour, d'Kim Kardashian an d'Eva Longoria.

D'Sportlerin an  de Matgrënner vu "Reddit" haten am Dezember d'lescht Joer hir Verlobung annoncéiert. Ufank September ass hiert éischt Kand, dat klengt Alexis Olympia.