No iwwer 650 JoerSarah Clarke 1. weibleche "Black Rod" a Groussbritannien

E Freideg ass d'Sarah Clarke, als alleréischt Fra als sougenannte "Black Rod" am britesche Parlament genannt ginn.

De fréiere "Black Rod" David Leakey© AFP
Et ass eng Première an der ronn 650 Joer aler Geschicht vu Grousbritannien. D'Sarah Clarke ass déi éischt Fra als sougenannte "Black Rod", déi déi feierlech Ouverture vum britesche Parlament leet. Si gëtt domat déi éischt "Lady Usher of the Black Rod", déi zum Beispill no Wahlen d'Aufgab huet, fir mat hirem Staf widdert d'Dier vum Parlament ze klappen an d'Deputéiert fir d'Ried vun der Queen an d'House of Lords ze ruffen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.