Walk of FameDen Nick Nolte krut endlech säi Stär zu Hollywood

Den US-Acteur Nick Nolte ass mat engem Stär um berühmte "Walk of Fame" geéiert ginn.

© AFP

"Et gëtt just ee Grond, firwat dës Strooss an dëser Stad esou een Zenter vun der USA an der Welt ass, et ass den Zenter vum Film", sou d'Reaktioun vum 76 Joer alen Acteur e Méindeg viru senge Fan. Well d'Berühmtheeten op dëser Strooss gewierdegt ginn, wier se "wéi keng aner zu LA".
 
Dem Nick Nolte seng Carrière geet scho 5 Joerzéngten zeréck. An den 80er Joren ass hien duerch Actionfilmer wéi "48 hours" an "Under Fire" bekannt ginn an hie gouf schonn 3 Mol fir en Oscar nominéiert. Den Ament gesäit een den Acteur an der Serie "Graves".

De Realisateur Gavin O'Connor huet den Nick Nolte ass einfachen, awer geckege Mënsch beschriwwen. Hie wier e Meeschter vu sengem Handwierk, mat enger Stëmm, wéi wann hien e Sak Neel ënnergeschléckt hätt.