E klenge "Schweini"De Bastian Schweinsteiger a seng Fra erwaarden hiert 1. Kand

En Donneschdeg hunn de Bastian Schweinsteiger a seng Fra Ana Ivanovic op de sozialen Netzwierker annoncéiert, datt si Nowuess erwaarden.

© AFP

Déi fréier French-Open-Vainqueuse huet eng Foto op Twitter gepost, op där 3 Puer wäiss Turnschong ze gesi sinn, ee Puer si Babyschong.




Och de Football-Profi huet op Twitter déi glécklech Nouvelle matgedeelt.




An der Lescht gouf et ëmmer nees Rumeuren iwwert eng Schwangerschaft vun der fréierer Nummer 1 an der Tenniswelt. D'Serbin an den Ex-Nationalspiller, deen nach bis Enn vum Joer bei Chicago Fire ënner Kontrakt steet, hate sech am Summer 2016 zu Venedeg d'Jo-Wuert ginn.

D'Ana Ivanovic huet do schonn ëmmer betount, dass op d'mannst 3 Kanner ze wëllen. Nummer 1 wier jo dann emol um Wee.