D'Emma ass doDe Jempy Drucker ass Papp ginn

Glécklech Nouvelle aus der Welt vum Vëlosport hei zu Lëtzebuerg. De Jempy Drucker a seng Fra Lynn Kaiser sinn Elteren.

© RTL
Wéi de Supporter Club vum Jempy Drucker op Facebook verroden huet, ass de Lëtzebuerger Proficyclist Papp vum klengen Emma ginn. Der Mamm an dem Puppelchen géif et gutt goen.

Déi ganz RTL-Redaktioun gratuléiert zum Nowuess.




E Réckbléck op d'Joer 2017 mam Jempy Drucker (11.11.2017)
De Jempy Drucker am Gespréich mam Tim Hensgen.