Nei PlattformMeopin wëll Dokteren a Patiente beienee bréngen

Wat Tripadvisor fir Reesen ass, wëll Meopin am Beräich vun der Gesondheet ginn: Profie sichen hëllefen ... a se da bewäerte loossen.

D'Patienten, esou de Constat vu Meopin, bräichte besser Informatiounen an och besser Connexioune zu de Professionellen aus dem Beräich Santé.

Meopin definéiert seng Roll an deem Verhältnis esou: Et proposéiert een ...

1) un moteur de recherche pour trouver le prestataire qui répond aux critères du patient: les services, les compétences, la distance, les langues parlées,
2) les pages de profil où les fournisseurs présentent des informations détaillées sur leurs services, les informations de base, l'équipe, l'accessibilité et les installations,
3) l'accès aux opinions et aux expériences d'autres patients, partagés grâce à un système d'évaluation rigoureusement contrôlé;
4) un système de réservation en ligne de rendez-vous, disponible aux patients une fois que le fournisseur aura souscrit à un abonnement payant de Meopin.

Doduerch wieren d'Patiente besser informéiert, wat och den Dokteren entgéintkéim. An iwwerhaapt géif d'Relatioun Prestataire-Patient esou verbessert ginn.

Iwwer 1 Joer huet Meopin u senger Plattform geschafft, elo gouf se lancéiert:

La base de données Meopin répertorie actuellement plus de 90 000 fournisseurs, principalement du Luxembourg et de Belgique. Ceci conclut plus d'une année de travail préparant au lancement sur le marché. Après que l'idée ait mûrie en août 2016, le plan d'affaires a été élaboré à la fin de 2016 et l'équipe, composée de 16 personnes à temps plein et partiel, a commencé à travailler en janvier 2017.

Meopin est déjà disponible sur l'AppStore et Google Play en tant que site web (www.meopin.com) et applications mobiles (pour iPhone et Android). Tous les systèmes fonctionnent en 4 langues (anglais, allemand, français, néerlandais).

Op Lëtzebuergesch ass de Site also (nach) net disponibel. Meopin kënnt vu Köln, huet awer och eng Filial zu Stroossen an der Areler Strooss.

Bei der Datebank huet ee sech elo mol op Lëtzebuerg an op d'Belsch fokusséiert, ma d'Start-up huet scho wëlles, och an anere Länner a souguer Kontinenter ze expandéieren.

An deem Beräich vu Meopin ass zu Lëtzebuerg scho méi doctena.lu ënnerwee. Dee Site versprécht en Doktesch-Rendez-vous "an 3 Klicken".

Meopin wëll awer e Schrëtt méi wäit goen: Et wëll een net just bei der Sich no Leit aus der Gesondheetsbranche hëllefen, et gëtt een och d'Méiglechkeet, déi Leit an hire Service ze bewäerten, also e Kommentar ze hannerloossen. Ebe wéi Tripadvisor, just net fir Reesen ...

PDF: De Pressecommuniqué vu Meopin.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.