Datum steetDe Prënz Harry an d'Meghan Markle ginn den 19. Mee bestuet

Am Fréijoer 2018, méi präzis den 19. Mee, gi sech de Prënz Harry an déi amerikanesch Schauspillerin Meghan Markle d'Jo-Wuert. Dat ass elo offiziell.




De Prënz Harry traut sech endlech

D'Rumeuren iwwer eng méiglech Verlobung goufen et scho méi laang, ma de 27. November huet sech d'Clarence House mat enger ëffentlecher Stellungsnam vum Prënz Charles zu Wuert gemellt: Den 33 Joer ale Prënz Harry an déi 36 Joer al Meghan Markle hu sech Uganks November verlobt!




D'Freed am britesche Kinnekshaus ass natierlech grouss, ëmmerhin hat d'Nummer 5 an der Trounfolleg net ëmmer sou eng glécklech Hand mat sengen deemolege Frëndinnen. Bei senger 4 Joer méi aler aktueller Frëndin, déi iwwregens och schonn emol bestuet war, schéngt sech de britesche Prënz dës Kéier awer ganz sécher ze sinn.



Zanter dem Summer 2016 ass de Prënz mat der "Suits"-Actrice zesummen. Gemeinsam ëffentlech Optrëtter gouf et awer bis dato just ganz seelen, Paparazzi-Fotoen hunn awer scho gewisen, wéi verléift a glécklech d'Koppel zesummen ass.

Am September hat sech d'Meghan Markle an engem Interview awer scho verplappert an d'Léift zum Prënz Harry confirméiert, obschonn et nach net offiziell war. Mëtt November dunn ass d'Actrice vun Toronto, no der leschter Zeen vun hirer Serie "Suits", op London bei hire Prënz an de Kensington Palace geplënnert. No hirer Schauspillcarrière an der Clôture vun hirem erfollegräiche Lifestyle-Blog, wëll déi zukünfteg Prënze-Fra sech benevole engagéieren.

Zum Rank:

Der Verlobungsrank huet de Prënz selwer designed, realiséiert gouf de Bijou vu "Cleave and Company", deen net nëmmen e klengt Verméige kascht, mä och en immense sentimentale Wäert huet. Den Diamant an der Mëtt staamt aus dem Botswana, déi zwee méi kleng Diamanten kommen aus der Prinzessin Diana hirer perséinlecher Kollektioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.