A ChrëschtdagsstëmmungAm Palais an am Schlass Bierg d'Deko prett fir d'Feierdeeg

Säin Doheem fir d'Feierdeeg rëschten, a Chrëschtdagsstëmmung kommen a sech op seng Famill freeën, dat ass och um Haff de Fall.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hu mat stëmmungsvolle Fotoen vun hirer Chrëschtdekoratioun um Schlass Bierg an am Palais hir Virfreed op d'Feierdeeg mat eis gedeelt.

De Stil ass klassesch, dofir awer net manner glamouréis. D'Dekoratioun um Beemchen an um Dësch ass am rout-gold gehalen, wat natierlech perfekt an de Kader passt.