Fir den US-FinanzministerKeng Fake-News, mä e Fäkalie-Pak

Ee verdächtege Colis, verpaakt wéi e Kaddo, war op déi privat Adress vum amerikanesche Finanzminister Steven Mnuchin zu Los Angeles geschéckt ginn ...

... an hat do fir e Groussasaz vun der Police gesuergt.

De ganze Quartier Bel Air gouf e Samschdeg den Owend gespaart an eréischt nodeems de Colis vu Spezialiste kontrolléiert gi war, huet sech erausgestallt, dass keng geféierlech Substanzen dra waren, ma Fäkalie vun engem Päerd ...