Tel-AvivWeltrekordversuch: E Lego-Tuerm mat 36 Meter

Mat engem Lego-Tuerm vu 36 Meter probéiert Tel-Aviv de Weltrekord ze briechen.

© afp

Den Tuerm, deen aus ronn enger hallwer Millioun Lego-Steng bestoe soll, soll un den israelesche Jong Omar Sajag erënneren, deen am Alter vun 8 Joer u Kriibs gestuerwen ass, dat well de Jong ëmmer gäre mat Lego gespillt huet.

Den Tuerm, deen op der Rabin-Plaz steet, ass mat Sailen caléiert a soll e Sonndeg nees ofgebaut ginn. Lego selwer soll awer net um Projet bedeelegt gewiescht sinn, deen duerch Spende finanzéiert gouf. D'Organisatioun Young Engineers huet gehollef den Tuerm opzebauen.

Eng Spriecherin sot, den Tuerm hätt eng Héicht vu 35,95 Meter a soll domat 90 Zentimeter méi héich sinn, ewéi dee bis elo héchst gemoossene Lego-Tuerm, deen 2015 zu Mailand gebaut gouf. Et waart een elo nach drop, dass de Weltrekord unerkannt gëtt.

© afp

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.