DäitschlandKappiwwer am Kleedercontainer ageklemmt a gestuerwen

Zu Wetzlar an Hessen ass ee 40 Joer ale Mann ëmkomm, ewéi hie wuel probéiert huet Kleeder aus engem Container erauszehuelen.

© afp

Dëst huet d'Police en Donneschdeg matgedeelt. Weider heescht et, dass dëse Virfall sech schonns um éischte Chrëschtdag zougedroen huet. Zeien hunn d'Police an d'Rettungsdéngschter geruff, ewéi si dee wuel deen Ament schonn doudege Mann entdeckt hunn.

Éischt Versich, fir de Mann aus dem Container ze huelen, hunn net geklappt, esou dass de Container opgeschnidde gouf vun de Pompjeeën. Et huet een nach probéiert de Mann ze reaniméieren, mee dëst ouni Erfolleg.

D'Klapp vum Container soll wuel verhënnert hunn, dass dëse sech aus senger mësslecher Lag befreie konnt. Dës Containere solle wuel och esou konzipéiert sinn, dass et onméiglech ass, eppes aus dëse Containeren erauszehuelen.