IndienMassekläpperei vu Supporter no Wrestling-Match

Beim indesche Qualifikatiounsmatch fir d'Commonwealth Games sinn d'Supportere vun zwee Kontrahenten nom Match uneneegeroden.

De Sushil Kumar no enger Victoire.© afp

Am Kampf sinn de Wrestling-Veteran Sushil Kumar, dee souwuel 2008 wéi och 2012 olympesch Medaile mat heem geholl huet, an den Newcomer Parveen Rana géinteneen getrueden.

Scho während dem Match soll net alles ganz fair virgaange sinn. Den Olympionik huet Reporteren nom Match erzielt, de Rana hätt hie gebass. An der Massekläpperei ass ënner anerem dem Rana säin eelere Brudder vum Kumar senge Supporteren zerklappt ginn.

Vun offizieller Säit gëtt et keng Confirmatioun, datt Leit blesséiert gi sinn. Déi nächst Commonwealth Games ginn am Abrëll 2018 an Australien ofgehal.