Schwanger?Pippi-Noweis am Katalog a scho gëtt et e bëllegt Kannerbett

De Slogan "Peeing on this ad may change your life" ass bei Ikea tatsächlech Programm, a kee Witz. Mam Pippi-Test am Katalog profitéiert ee vun enger Promo.

De schwedesche Miwwelris Ikea léisst sech gär ëmmer nees witzeg Aktiounen afalen, fir hir Produiten un de Mann, an dësem Fall awer besonnesch un d'Fra ze bréngen. U sech kéint ee mengen, déi neisten Aktioun wier e schlechte Witz, ma si ass duerchaus Eescht gemengt: Ikea versprécht enger schwangerer Fra eng extra Promotioun, wa si als Noweis fir hir Schwangerschaft op enger preparéierter Säit am Katalog eng Pippi-Prouf hannerléisst.

An anere Wierder den ënneschten Deel vun där Säit, op där e Babybett ze gesinn ass mam Slogan "Op dës Reklamm ze pinkelen verännert Äert Liewen" ass näischt Aneres, wéi e Schwangerschaftstest. Bei engem positive Resultat daucht nieft dem Bettchen dann de reduzéierte Präis op, respektiv den Ikea-Family-Präis.

E Mëttwoch huet Ikea de Video op Twitter gepost, deen ageschloen huet wéi eng Bomm an den Tour op den sozialen Netzwierker gemaach huet. D'Aktioun gëllt allerdéngs just a Schweden. Bleift nach ze hoffen, dass d'Leit net am Ikea selwer op d'Iddi kommen den Test ze maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.