FamilljentraditiounWaasserodere mam Pendel sichen

Den Emile Wewer sicht Waasserodere mat engem Pendel. Et ass en Don, deen hie scho fréi fir sech entdeckt huet.

Waasserodere mam Pendel sichen (11.01.2018)
Den Emile Wewer sicht Waasserodere mat engem Pendel. Et ass en Don, deen hie scho fréi fir sech entdeckt huet.
Net nëmmen d'Natur, och eise Kierper ass sensibel, wat Waasser-Oderen ugeet. De Philippe Dondelinger huet e Mann getraff, dee mat Hëllef vun engem Pendel, esou ënnerierdesch Odere fënnt an scho Muncherengem domadder bei Entzündunge gehollef huet.

Scho säi Papp hat dësen Don a war am  ganzen Duerf bekannt. Ma mam Pendel kann den Emile Wewer net nëmme Waasserodere fannen, mä et ass him och méiglech, Entzündungen am mënschleche Kierper ze'entdecken a se aus dem Kierper ze kréien.

Vill Léit kënnen onbewosst vun Waasseroderen beaflosst ginn,verschiddener schlofen net gutt wann d’Bett drop steet, anerer ginn onbewosst krank ,an obwuel et net wëssenschaftlech bewisen ass, den Emile ass iwwerzeegt dovunner, esouguer an der Natur gesäit een unhand vun de Beem, ob ët Waasseroderen ginn oder net.

Ob et elo fonctionnéiert an wierkt oder net, dat ass jidderengem selwer iwwerlooss, eent ass awer sécher, den Emile huet scho villen Léit mat sengem Pendel gehollef.   

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.