Raren Interview fir d'BBCD'Queen schwätzt iwwer hir Krounen an huet keen Zack verluer

Den Interview ass am Kader vum Dokumentarfilm "The Coronation" gemaach ginn, deen de Sonndeg Owend op der BBC iwwerdroe gëtt.

D'Kinnigin Elizabeth II. mat der Imperial State Crown.© AFP

Am Juni sinn et 65 Joer hier, datt d'Kinnigin Elizabeth II. gekréint ginn ass. An engem Interview fir d'BBC denkt d'Queen elo un deen Dag am Joer 1953 zeréck.

Deemools hat si d'Imperial State Crown un, déi si "onheemlech schwéier" fonnt huet. Et wier net liicht gewiescht, hir Ried ze liesen, erënnert sech déi 91 Joer al Kinnigin. Wann een no ënne gekuckt hätt, hätt ee sech "entweder d'Genéck gebrach oder d'Kroun wier erofgefall."

"Glécklecherweis hu mäi Papp an ech ongeféier déi selwecht Kappform, wann ech se undoen, da bléift se sëtzen", esou d'Queen iwwert de blobliddegen Accessoire, dee si als ongemittlech, mä wichteg beschriwwen huet.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.