Autsch!Wa Profi-Cycliste keng Sonnecrème benotzen...

Wien nach net an d'Cyclissem-Saison gestart ass, deen ass de Moment am Training, wéi zum Beispill de Louis Meintjes. Eppes hat hien awer vergiess!

© Louis Meintjes / Twitter
D'Trikote fir Cycliste si jo ganz nëtzlech: Si sinn otmungsaktiv, dréchne séier a leien un, fir kee Loftwidderstand ze produzéieren. Wat een trotzdem net dierf vergiessen, ass Sonnecrème.

Déi Erfahrung huet de Profi-Sportler Louis Meintjes misse maachen. Op enger Foto, déi hie selwer e Samschdeg op Twitter gepost huet, deet engem déi eegen Haut scho wéi vum nokucken.

Fir de jonke Coureur wäert den Training elo sécher e puer Deeg "op Äis" leien.




Natierlech sinn och Reaktiounen a gutt Rotschléi net ausbliwwen...













De 25 Joer ale Südafrikaner ass beim Tour de France 2016 an 2017 den 8. am Generalklassement ginn. Am Joer 2015 ass hien och an den Top 10 vun der Vuelta a Espana matgefuer.