Op InstagramWill Smith: Witzeg Parodie op eegene Bouf

Dem Jaden Smith säi Lidd "Icon" ass op Spotify massiv geklickt ginn. Säi Papp Will Smith huet eng ganz speziell Manéier ze weisen, datt hien houfreg ass.

De Will Smith huet de Succès vu sengem19 Joer ale Bouf als Grond geholl, hien uerdentlech ze veräppelen.

A sengem eegene Video rappt den Jaden Smith mat gebleechten Hoer, schwéierer Ketten ëm den Hals  an zerrappter Jeans. An d'Lidd kënnt u bei de Leit, ëmmerhin gouf et op Spotify iwwer 100 Millioune Mol gelauschtert.

Fir de Will Smith eng Geleeënheet, sengem Bouf ze soen, wéi houfreg hien ass. Natierlech net esou, wéi een dat am Normalfall mécht... Ähnlech wéi den Jaden rappt de Will Smith dat selwecht Lidd no, huet awer e Short a Schlappen un, aus deenen hien och nach erausrutscht, wéi e säi Bouf nomécht. De kuerze Clip hält awer mam Saz op: "Ech sinn houfreg op dech, Baby".


#PressPlay: The father/ son relationship between #WillSmith and #JadenSmith is just beautiful 😩

Une publication partagée par The Shade Room (@theshaderoom) le



Den Jaden huet sengem Papp déi ganz Aktioun net iwwel geholl, au Contraire: "Papp, dat ass dat Witzegst, wat ech bis ewell gesinn hunn. Ech hunn dee beschte Papp, deen ee sech wënsche kann".