Rio de JaneiroOptakt vum Karneval, dee gréisste Spektakel op der Welt

Traditionell iwwerreecht de Buergermeeschter symbolesch de Schlëssel un de "Kinnek Momo", d'Fuesent iwwerhëlt d'Muecht. E puer Deeg ginn d'Suerge vergiess.

Zu den Dauerthemen zu Rio gehéiere Politik-Kris, Korruptioun a Gewalt. Fir e puer Deeg gëtt dat awer an den Hannergrond gestallt, well et gëtt gefeiert.

Zu Rio de Janeiro fänkt um Freideg d'Fuesent un. Schonn zënter puer Deeg ass d'Stad um "Zockerhutt" a Karnevalsstëmmung. Samba- an Danzgruppen, sougenannt "Blocos", feieren a ville Quartieren. D'Stroossefest ass en Tourismusmagnéit. Et gi ronn 1,5 Millioune Visiteure vun ausserhalb erwaart. Ugemellt si 473 "Blocos", 596 Ëmzich si geneemegt ginn.

Mat der symbolescher Iwwerreechung vum Stadschlëssel ass den Optakt vu Karneval lancéiert. Op der prachtvoller Paradestrooss, wou 70.000 Visiteuren op den Tribüne Plaz fannen, defiléieren vun e Freiden un déi bescht Sambasschoulen am Zentrum vu Rio. 



Mat der Ënnerstëtzung vum Buergermeeschter ass allerdéngs och dëst Joer net ze rechnen. Hie gëllt als "Karnevalsmuffel" an ass och duerch seng verbal Attacke géint déi homosexuell Leit an déi afrikanesch Relioun bekannt. Zejoert hat de Crivella déi Traditioun och schonn net matgemaach an d'Samba-Parade ass en och net kucke gaangen.
Dëst Joer hat den evangelesche Buergermeeschter schonn am Virfeld d'Hallschent vun der finanzieller Ënnerstëtzung gestrach. D'Fuesent gefält ëm wéinst sengem Glawen net, heescht et.

Hei e puer Andréck vun de leschte Joren: