Prënz Henrik vun DänemarkGesondheetszoustand huet sech dramatesch verschlechtert

Zënter annerhallwer Woch läit de Mann vun der dänescher Kinnigin Margrethe II an enger Klinik zu Kopenhagen.

Hien hat eng Visite an Egypten aus gesondheetleche Grënn missten ofbriechen. Laut den Doktere leit de Prënz un enger Longenentzündung an un engem guttaartegen Tumeur am lénke Longeflillek. 

Säi Bouf, de Krounprënz Frederik huet säin Openthalt bei den Olympesche Wanterspiller a Südkorea ofgebrach an ass zeréck an Dänemark geflunn.

Beim 83 Joer ale Prënz Henrik war am September zejoert Demenz diagnostizéiert ginn. Déi genee Diagnos ass net genannt ginn, et huet nëmme geheescht, dass et sech ëm e Verfall vun de kognitive Fäegkeeten handelt. Zanter 2016 huet hie sech aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn.

D'lescht Joer huet de Mann vun der dänescher Kinnigin matgedeelt, dass hien net wéilt nieft senger Fra an der kinneklecher Grueft begruewe ginn, well hien ni mat hir gläichgestallt gi wier. De gebiertege Fransous huet ëmmer dermat ze schaffe gehat, dass hien nom Margrethe senger Kréinung 1972 net zum Kinnek ernannt ginn ass.