Wat en ZoufallE Fliger voll Installateuren muss ëmdréien - Toilette futti

Et ginn Zoufäll, doriwwer kann ee just laachen. E Fliger mat enger Reesgrupp vun enger Sanitärsfirma konnt net weiderfléien wéinst enger defekter Toilette.

© AFP Archivbild
Zu Oslo war de Grupp aus 87 Mataarbechter vun enger Sanitärsfima an de Fliger geklommen, fir op München ze fléien. U sech keng ze wäit Streck, mat nëmmen 2 Stonnen Fluchzäit. Geklappt huet deen Delai awer net, si sinn no 62 Minutten nees zu Oslo gelant.

De Grond: D'Toilette u Bord vun der Boeing 737 war defekt an dowéinst huet de Fliger missen Demi-Tour maachen.

Natierlech wollten déi vill Installateure ganz gär selwer Hand uleeën fir de Problem ze léisen. An der Luucht war dat awer leider net méiglech. Eng Reparatur konnt just vu bausse gemaach ginn.