FortschrëttMënschlech Eezellen zur Maturitéit geziicht

Fir d'éischte Kéier ass et Wëssenschaftler aus den USA a Groussbritannien gelonge mënschlech Eezellen an engem Laboratoire zur Maturitéit ze ziichten.

Déi aus den Eeërstäck erausgehollen Zelle si sou wäit entwéckelt ginn, dass si befrucht kënne ginn. Dat hunn d'Fuerscher vun New York an Edinburgh um Freiden an der Zäitschrëft "Molecular Human Reproduction" verëffentlecht. Bis ewell ass dëst nëmme mat Eezelle vu Mais gelongen.

Déi nei Method léist d'Hoffnungen op en Duerchbroch an der Fortpflanzungsmedezin wuessen. Jonk Meedercher, déi eng Chemotherapie maache mussen, kënne sech virun der Behandlung "onräif" Eezellen eraushuele loossen. D'Zelle kënnen agefruer a spéiderhin am Laboratoire geziicht a befrucht ginn. Bei der Method, déi ee bis elo genotzt huet, sinn de Kriibspatientinnen Eeërstäckgewebe erausgeholl ginn a spéider erëm ageplanzt ginn. Bei dëser Prozedur ass de Risiko, dass de Kriibs erëmkënnt, awer däitlech méi héich.

Experte bewäerten déi nei Etüd als villverspriechend, warnen awer gläichzäiteg virun ze héijen Erwaardungen. Et géing nach Joren dauere fir aus de Resultater eng Therapieform ze entwéckelen. Trotzdeem ass de Wëssenschaftler e wichtegen Duerchbroch gelongen.

Den Entwécklungsbiolog, Azim Surani, vun der Universitéit Cambridge huet drop opmierksam gemaach, dass déi vun de Fuerscher geziichten Eezelle méi kleng wéi gewéinlech Eezelle sinn, an ee fir d'éischt nach misst erausfannen, ob se effektiv am Reagenzglas befrucht kënne ginn. D'Fuerscher hunn entspriechend Ënnersichungen ugekënnegt, falls si d'Erlaabnis fir esou Tester kréie sollten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.