VältesdagD'Lindsey Vonn mécht via Twitter en Opruff fir en Date

Den US-Ski Star Lindsey Vonn huet um Mëttwoch op Twitter verschidde Männer nervös gemaach, nodeems et an engem Tweet no engem Vältesdag-Date gefrot huet.

"Anscheinend ass Vältesdag... Ech hunn dat vergiess well ech bei den olympesche Wanterspiller, a Single sinn.", dat war dem Vonn säin Tweet um Mëttwoch géint 8 Auer. 3 Stonnen dono huet et scho 607 Noriichten.
"Ass dobaussen nach ee Single a wëll mäi Valentin sinn? #worthashot"




D'Lindsey Vonn war bis 2015 mat der fréierer Nummer 1 am Golf, Tiger Woods, liéiert.

D'Vonn huet 2010 d'Goldmedail am Downhill gewonnen an am Super-G bronze. 2014 konnt et wéinst enger Blessure net un de Wanterspiller deelhuelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.