New York"Flynn" gewënnt den 142. Schéinheetsconcours fir Hënn

De "Bichon Frisé" huet sech um Dënschdeg géint seng Konkurrenten duerchgesat. Ënnert 2.800 rengrassegen Hënn ass hien zum Schéinste gekréint ginn.

Op der Westminster Dog Show zu New York trieden Hënn aus ganz Amerika an anere Länner un.

De "Flynn", mat engem wäisse Pelz, wéi dee vun engem Plüsch, war ënnert de 7 Finalisten dobäi. Déi weider Finaliste waren e Border Collie, e Barzoi Royal, e Riseschnauzer an e Sussex Spaniel.

"Et ass e bëssen irreal.", dat huet de Proprietär vum "Flynn" Bill McFadden gesot, dee betount, dass den Hond nom Affekot Billy Flynn vum Musical "Chicago" benannt gouf.

Dëse Concours ass ee vun den eelste Déiere-Concoursen an Amerika.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.