VIDEO: En neien Trend-ObjetLëtzebuerger keeft op Air-Berlin-Stee ongewollt 19 Trolleyen

No der Faillite vun Air Berlin sinn elo d'Iwwerreschter versteet ginn. Ënnert deene Leit, déi matgebueden hunn, war och e Lëtzebuerger mat vun der Partie.

Wisou sinn Trolleye vu Fluchgesellschaften sou beléift? (05.03.2018)
No der Faillite vun Air Berlin sinn elo d'"Iwwerreschter" versteet ginn. Och Lëtzebuerger hat matgebueden, mat ongewollte Konsequenzen.
Zu Essen sinn déi éischt online versteeten Objeten ausgedeelt ginn. Vu Sëtzer bis hin zu Trolleyen, d'Gedrénks- an Iessensween oder och kleng Gadgeten, koum alles ënnert den Hummer, wat bei der Air-Berlin nach esou opzedreiwe war.

Ënnert de ronn 50.000 Leit, déi matgesteet hunn, war och e Lëtzebuerger. De Mann wollt u sech 3 bis 4 Trolleyen mat Heem huelen, um Enn waren et der 19. Esou geplangt, war dat net. Fir en Ensembel vun eemol 10 Ween a eemol vu 5 Ween hat de Mann gesteet, mam Hannergedanken souwisou iwwerbueden ze ginn. fir awer um Enn net mat eidelen Hänn do ze stoen, huet de gudde Mann och nach fir e puer Eenzelstécker seng Offer gemaach. Zum Schluss hat hie se all gesteet, wéi de Mann op der däitscher Tëlee verroden huet.

Wat mécht ee mat sou engem Trolley?

Sou een Weenchen ass an de leschte Joere ëmmer méi gefrot, an zwar als trendy Design-Objet. Vill Leit baue se ëm, benotzen se als stylesch Minibar, maachen e Plackespiller draus oder fonktionnéieren ën als Weenchen fir Kaffismaschinn ëm, wou d'Capsulle grad gutt drënner passen.

Och zu Lëtzebuerg sinn esou Fliger-Artikelen immens gefrot, mam Ënnerscheed, dass een hei am Land nëmme schwéier un esou een Trolley kënnt. Wann emol sou ee Weenchen bei der Luxair auszortéiert gëtt, gi se just un intern Leit fir e symbolesche Betrag verkaf.

Stee Air Berlin (19.02.2018)
Lëtzebuerger huet 19 Trollye vun der Fluchgesellschaft gesteet.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.