Kinnigin Elizabeth IIFir d'éischte Kéier bei der Londoner Fashion Week

An der éischter Rei vun der Moudewoch zu London, war dëst Joer nieft dem Anna Wintour d'Queen Elizabeth II ze gesinn - eng Première.

Um Dënschdeg war et déi éischte Kéier, dass een d'Kinnigin vun England op esou engem Evenement gesinn huet. An der éischter Rei huet si mat der englescher Moudekinnigin Anna Wintour d'Show vum Moudendesigner Richard Quinn suivéiert. Hie krut vun der Monarchin den "Elizabeth II Fashion Award" iwwerreecht, mat deem an Zukunft all Joer en neit Talent aus der britescher Moudebranche ausgezeechent soll ginn.

An engem douce-bloe Kostüm huet d'Kinnigin d'Presentatioun vum Quinn senger Kollektioun suivéiert an et huet geschéngt, wéi wa si deelweis vun den Entwërf um Catwalk iwwerrascht gewiescht wier. Nieft fléissende laange Kleeder mat Motiver, déi geliicht hunn, a wou d'Modele Motorradshelmer un haten, huet de Quinn och Liederskleeder mat Netzcollante gewisen.

"Déi englesch Moude-Industrie ass zanter ville Jore fir hiert formidabelt Handwierk bekannt. Si produzéiert Weltklass-Textilien an en innovatiivt a praktescht Design", sou de Luef vun der Queen bei der Präis-Iwwerreechung. Mam "Elizabeth II Fashion Award" fir nei, jonk Talenter wëll si der englescher Moude-Industrie hir Unerkennung weisen. E wier anengems hiert "Vermiechtnes un all déi, déi an zu der britescher Moud bäigedroen hunn".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.