VIDEO: Zu Stroossen"Expat Shop" fir engleschsproocheg Leit

Zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi engleschsproocheg Leit: Englänner, Amerikaner, Iren, Australier, Südafrikaner, Neiseilänner.

Home from Home: En englesche Shop zu Stroossen (06.03.2018)
Well et am Grand-Duché vill Expats aus dem engleschsproochege Raum gëtt, hunn zwee Männer e Buttek opgemaach, deen op si zougeschnidden ass.

Fir si ass elo virun e puer Méint en Expat Shop mat Produkter aus villen engleschsproochege Länner opgaang an nennt sech "Home from Home". Eng Iddi vum Marc Hollis an John Heffernan, en Englänner an en Ir, déi virdru Broker am Finanzsecteur woren.

Wat do alles gebuede gëtt? D’Sandie Lahure war zu Stroossen op Entdeckungsrees.

Fir och déi wichteg Informatiounen aus Lëtzebuerg an der Welt op Englesch ze kréien, gëtt et elo den RTL Today.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.