ForbesAmazon-Grënner Jeff Bezos elo weltwäit räichste Mënsch

De Grënner vun Amazon, de Jeff Bezos ass elo ee vun de räichste Mënschen op der Welt.

© AFP

Wéi déi amerikanesch Wirtschaftszeitung "Forbes" mellt, hätt de Jeff Bezos mat engem geschate Gesamtvolume an Héicht vun 112 Milliarden US-Dollar d'Spëtzepositioun an der Ranglëscht vun de räichste Leit op der Welt iwwerholl.

Op déi zweet Plaz kënnt de Microsoft-Grënner Bill Gates mat engem geschate Verméige vun 90 Milliarden Dollar. Hannendru komme Leit wéi den amerikaneschen Investisseur Warren Buffet oder nach de Facebook-Grënner Mark Zuckerberg.