Presuméiert Affär mam Stormy DanielsAmerikanesch Porno-Actrice wëll géint Donald Trump kloen

Eng amerikanesch Porno-Actrice, mat där den amerikanesche President Donald Trump eng Affär nogesot kritt, wëll géint den US-President kloen.

© AFP

Mat der Klo wëll d'Duerstellerin erreechen, datt eng Vertraulechtkeetsdeklaratioun annuléiert gëtt. Déi hätt den Donald Trump net matënnerschriwwen, mä säin Affekot. Dobäi missten déi 3 Parteien ënnerschreiwen, heescht et an der Plainte. Aus där geet och ervir, datt den Trump an d’Actrice eng intim Bezéiung solle gehat hunn. Vun 2005 bis 2007. 2005 war den Donald Trump grad frësch mat senger Fra Melania bestuet.

An der Klo heescht et weider, datt den Affekot vum Donald Trump zanter Ufank vun dësem Joer versicht hätt, d’Porno-Actrice anzeschüchteren, fir eng Relatioun mam Trump ze dementéieren. Si soll jo e Montant am 6 stellege Beräich kritt hunn.