"D'oh!"Homer Simpson mat falschem Permis a Groussbritannien ugehal

Als Polizist erlieft een dacks skurril Situatiounen, wéi zu Beispill zu Milton Keynes a Groussbritannien, do huet e Mann sech als Homer Simpson ausgewisen.

© Twitter
En Donneschdeg hunn d'Beamte vun der Thames Valley Police net schlecht gestaunt, nodeems si e Chauffer ugehal hunn, fir en ze kontrolléieren. De Mann war net nëmmen ouni Assurance ënnerwee, hien hat och nach e gefälschte Führerschäi bei sech.

Méi liicht konnt de Mann et de Beamten net maachen, hien hat sech nämlech als fiktiv Persoun den Homer Simpson erausgesicht. Ma net nëmmen den Numm war op deem falsche Permis drop, ze gesi war tatsächlech och nach d'Foto vum bekannte Trickfilm-Personnage aus Springfield.




Et stoung zum Schluss och nach relativ séier fest, dass de Chauffer net autoriséiert war iwwerhaapt nach hannert dem Steier ze sëtzen, hien hat guer keng Fuererlaabnis méi. An anere Wierder gouf net nëmmen de falsche Permis agezunn, mä och nach den Auto séchergestallt. Ob dat elo och nach e rosa Combi war, ass awer net gewosst.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.