Cyclist vu Police gestopptMéi Vitesse duerch Méimaschinn um Vëlo

Zu Mecklenburg Vorpommern huet d'Police net schlecht gestaunt, nodeems si e Cyclist mat 52 km7h gestoppt hunn. De Mann hat sech e Motor sewler gebastelt.

© Wikipedia/Stehfun
Si hate de Mann gestoppt, well hien op der Landstrooss nawell séier ënnerwee wor. De 37 Joer ale Mann hat amplaz vum Gepäckdréier de Motor vun enger Méimaschinn montéiert an huet domat dat hënnescht Rad vum Dammevëlo e bësse méi séier rulle gedoen.

E Beamten huet sech selwer op de Suedel gesat, fir d'Gefier ze testen, dat eng Vitess vun 52 Stonnekilometer erreecht huet. Flott Iddi, ma fir sou e Gefier brauch een eng Erlaabnis. Déi hat de Mann net, dowéinst krut e vun der Police verbuede weiderzefueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.